🏆 Kanner am Mëttelpunkt – e flotte Moment mam FLuMPi!

Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire

Gëschter goufen op der IVV-Wanderung zu Konsdref vill Kanner fir hir Participatioun un de FLuMPi-Wanderunge geéiert.
A Präsenz vum FLuMPi krute si hir Diplomer, Coupen a Medaille vum FLMP-Verwaltungsrot iwwerreecht.
Eng flott Belounung fir esou vill Begeeschterung a Wanderfreed! 🎉
E grousse Merci un all d’Kanner, hir Elteren a Grousselteren, déi esou zuelräich bei eise FLuMPi-Wanderunge mat dobäi waren. Mat iech gëtt all Wanderung zu engem besonneschen Erliefnes! 
D’FLuMPi-Ekipp freet sech schonn drop, iech all an der Saison 2027 erëmzegesinn an zesummen nei Weeër ze entdecken.
🥾 Kommt mat – déi nächst Wanderaventure waart op iech!