Wander Weltmeeschterschaft Hochfilzen (Éistreich)
15th September 2026
Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire
Eng impressionant 6. Plaz fir Lëtzebuerg!
D’FLMP – d’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun – gratuléiert all eise Participanten häerzlech fir hir Leeschtung op der Wander-Weltmeeschterschaft 2026 um Pillersee zu Hochfilzen.
E grousse Merci u jiddwereen fir seng Presenz, seng sportlech Aktivitéit an déi flott Gesellegkeet. Mat vill Engagement a Begeeschterung hutt Dir Lëtzebuerg op dësem internationalen Evenement wonnerbar vertrueden.
Mat insgesamt 2.928 gewanderte Kilometer huet eis Lëtzebuerger Ekipp eng impressionant 6. Plaz an der Weltmeeschterschaft erreecht!
E Resultat, op dat mir alleguer houfreg kënne sinn!
Bravo a villmools Merci un déi ganz Lëtzebuerger Ekipp!
