FLMP WANDERSUMMER 2026 – E VOLLE SUCCÈS!
1st September 2026
Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire
De FLMP Wandersummer, dee vum 1. Juli bis den 31. August 2026 stattfonnt huet, war nees e volle Succès!
An nëmmen 2 Méint hu sech 7.541 Wanderer un eisen Aktivitéite bedeelegt an dobäi zesummen déi impressionant Distanz vun 92.057 Kilometer erwandert!
E ganz grousse MERCI un all Wanderer, déi mat dobäi waren, an natierlech och un eis Veräiner an all déi fläisseg Leit, déi mat hirem Asaz dozou bäigedroen hunn, datt de Wandersummer 2026 esou e schéinen Erfolleg gouf.
7.541 Wanderer – 92.057 Kilometer – an onzieleg flott Momenter!
Mir freeën eis schonn op déi nächst gemeinsam Wanderkilometer!
FLMP – zesumme wanderen, zesumme beweegen, zesumme genéissen!

