6. Fouermarathon zu Fouss op d’Schueberfouer vun Dikrech aus

Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire

6. Fouermarathon zu Fouss op d’Schueberfouer

Leschte Samschdeg war et nees esou wäit: 33 motivéiert Wanderer sinn zu Dikrich op der Gare fir de 6. Fouermarathon gestart.

Op der Schueberfouer ass de Grupp op insgesamt 72 Wanderer gewuess!

E flotten Dag mat vill Beweegung, gudder Laun a Gesellegkeet. Ee grousse Merci un all d’Wanderer, déi dobäi waren an dëse 6. Fouermarathon zu engem schéinen Erliefnis gemaach hunn!