PW008 Réimech: geöffnet / ouvert
Syndicat d‘Initiative, 1, route du Vin, Remich
All Dag op 7/7: 10.00h - 17.00 h
PW009 Remerschen: defintiv geschlossen / fermé définitivement
Neies op de Permanente Wanderweeër
PW008 Réimech: ERËM OP / ouvert / geöffnet
PW007 Mëllerdall: ab dem 6. Januar 2023: W7 mat 11 km Streckelängt; Start op der Heringer Millen. Startkaarten a Stempel: Touristcenter Heringermillen
PW004 Vianden: ab dem 29. Dezember 2022: VI 2 mat 6 km Streckelängt, Start um Parking beim Schlass oder beim Camping (offiziell: SI Grand Rue)
Validatioune fir Permanent Wanderweeër
Nodeems praktesch all Stempelplaze vun de Permanente Wanderweeër erëm normal funktionéieren, ginn am FLMP-Sekretariat keng eenzel PW-Kaarte méi validéiert.
All Wanderer ass gebieden, säin IVV-Stempel op der Stempelplaz vum jeeweilege PW direkt anzeléisen.
Wanderer, déi wëllen eng Online-Kaart benotzen, kënnen dëst selbstverständlech och maachen. Hei gëllt nach just eng Online-Kaart mat 10 Permanent Wanderweeër, déi op eisem Internetsite www.flmp.lu kann erofgeluede ginn.
De Präis ass 20.- € fir 10 PW-Stempelen inklusiv Porto a Sekretariatskäschten.
Merci fir Äert Versteesdemech.
PW-Digital
Ab dem 1.Juli kann een och all eis PWen digital wanderen.
D’Konditioune sinn d’selwecht ewéi bei der Online-Startkaart. Et zielt eng Iwwerweisung vun 20.- € fir 10 PWen (Porto a Sekretariatskäschten abegraff) op de Kont vun der FLMP, d’Opzeechnunge ginn iwwert Email un d’FLMP-Sekretariat gemailt. D’Stempele gi per Post un de Participant geschéckt.
Weider Informatiounen:
FLMP, B.P. 56, L- 9201 Diekirch GSM: 691 30 26 87 E-Mail: flmp@pt.lu
CCPL LU90 1111 0469 4089 0000