Opgepasst: Ännerung vum Filanocup !

D’Weeër M4 an M5 zu Miedernach hu fusionnéiert an et gëtt lo nach just den M4 mat 13,9 km. De Start ass bei der Kräizung vun der rue de Larochette an dem Millewee, vis-à-vis vum Café du village.

Dëse Wee ass 2,2 km méi kuerz wéi M4 an M5 zesummen, et bleiwt awer beim Total vun 126 km fir de ganzen Filanocup.