
Wanderwoch zu Lëtzebuerg 19. - 23.07.2021
Mat dëser Wanderwoch geet d'FLMP e neie Wee. All Dag gëtt de Grupp vun engem anere Touristik-Guide begleet, deen op d'Schéinheeten vun der Natur, grad op dësem Wee hiweist. Distanze sinn esou gehale dass jiddereen se packt, dëst iwwer de ganzen Dag verdeelt. Et geet ganz gemittlech, et kann geschnësst gin ënnerwee a Pause ginn och gemaach. Et ass eng Woch zum "entschleunegen", ze genéissen, ënner Wanderfrënn an der Natur !
Flyer Seite 1 Flyer Seite 2
Méindeg, 19. Juli 2021
> Um CFL-Wanderwee vun Uewerkuer > Giele Botter > Fond de Gras > Péiteng > 18km
Start : 09h08 Zu Péiteng/Gare mam Zuch op Uewerkuer
Mëttegiessen : no +- 12km Restaurant Giedel
……………………………………………………………………………………………
Dënschdeg, 20. Juli 2021
> Um Nationale Wanderwee « Mamerdall » vu Mamer op Miersch > 22km
Start : 09h28 zu Miersch/Gare mam Zuch op Mamer
Mëttegiessen : Lunchbasket mat regionale Produiten
……………………………………………………………………………………………
Mëttwoch, 21. Juli 2021
> Wanderweeër vu Wëlwerwoltz iwwer Munzen op Klierf > 17km
Start : 09h30 op der Gare zu Wëlwerwoltz
Mëttegiessen : no 11km an der Robbesscheier op Basis vun eegene Produiten
Retour : mam Zuch op Wëlwerwoltz
……………………………………………………………………………………………
Donneschdeg, 22. Juli 2021
> Um Nat’Our DELUX Wee no 4 ronderëm Veianen > 18km
Start : 13h00 zu Bivels fir de Rondwee
Owesiessen : Zu Veianen mat regionale Produiten
……………………………………………………………………………………
Freideg, 23. Juli 2021
> Op eiser schéiner Musel - Wanderung mat ë.a. Kräizkapell a Wormer
Köeppchen > 18km
Start : 11h01 zu Wuermer bei der Kellerei, mam Bus op Gréiwemaacher
Mëttegiessen : Lunchbasket mat regionale Produiten
Wäinprouf an Ofschlossiesse vun der Wanderwoch an der Kellerei Wormeldange
Präis : 190,00 €
Weider Informatiounen : All Tour gëtt vun engem aneren, forméierte Wanderguide geleet
Mindestalter: 16 Joer
Gepäck : Rucksak fir de Lunchbasket, Gedrénks fir den Dag
Grupp :
- min.: 10 Persounen - max.: 15 Persounen
- Den Organisateur behält sech Ännerungen am Programm vir. De geneeën Detail vum Programm gëtt 1 Woch virum Start matgedeelt.
- Wandervitesse : gemittlech
- Gedrénks, den Transport bis op d’Startplaz
- Sonnecrème
- Mëttel géint Beiestéch, aner perséinlech « Besoins »
Wa misst ofgesot ginn, gëtt de Präis integral zréckbezuelt