WANDERER-KREATIV-MAART


13 September 2022

Du hues niewent dem Wanderen, nach en aneren Hobby ?

Du bastels, mools, zeechens, schräiners, fotograféiers, strécks, stécks, heekels, bitz, kachs, sengs, danzs, designs, brenns, distilleiers, modelléiers, ….?

Du méchs däin Hobby eleng, mat Frënn, an engem Veräin ?

D’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun gëtt dir d’Geleeënheet de Wanderer däin Hobby virzestellen !
Hei kanns du deng Wierker, dengem Veräin seng Wierker, ausstellen, virféieren a wann‘s du wëlls, verkafen !

Wei geet dat ?

- Mell dech ab elo bei der FLMP a so eis wat dass du wëlls weisen, verkafen, opféieren…

- So eis wéi eng Ausstellungsfläch dass du brauchs, wéi vill Plaz dass du brauchs. Am Prinzip ass ëmmer 1 Dësch resp. Panneau’en mat Attache virgesinn.

- Wann deng Wierker eise Critèren entsprieche verdeele mir Dëscher-Stänn esou am Sall, dass een se ka besiche goen, a genuch Plaz bleift fir Kaffi a Kuch an e klenge Menü iwwer Mëtteg.

- Du kanns däi Stand opriichte vun 08h00 un, a sollts prett si fir 11h00. Däin Stand soll besat si bis 19h00.

Wa mir Hobbysänger, Hobbymusikanten, HobbyDänzer, Hobbykäsch, fannen, kenne mer e flotten Dages-Programm zesummestellen. Sollt en Hobbydirigent derbäi sin, kéinte mer souguer 1-2 Lidder zesumme prouwen.. Jo, villäicht kéint esouguer e Kleeschen an en Houseker kommen ?

D’Participatioun um Wantermaart as gratis a mir kënnen och keng Entschiedegunge bezuelen. Natierlech hu mer eng Assurance wann eppes géing futti goen.

Natierlech hoffe mer op vill Besicher dësen Dag, eng kleng Wanderung gëtt och ugebueden. Wichteg ass dass mer emol déi verschidde Wanderer kenneléiere vun enger (Hobby)-Säit déi een nach net kennt.

Mir hoffen et hunn vill Hobbykënschtler Loscht matzemaachen ! Sou bleift vill Zäit fir speziell Wierker ze erschafen, ze üben an sech op eng ganz aussergewéinlech Organisatioun ze freeën !

Du hues Froen : Lëtzebuerger Wandersportfederatioun Flmp@pt.lu,  tel : 621 157 008