TREKKING TOUR

TREKKING TOUR

Och 2020 bléift d'Lëtzebuerger Wandersportfederatioun innovativ aktiv. Mir bidden en Trekking-Tour mat Guide iwwer en Weekend zu Lëtzebuerg un : Léiert d'Natur an ier Wanderfrënn nach besser kennen, wanderen, Iessen an Drénken zoubereeden, duerno spullen, Schlofplaze ariichten, schnëssen a genéissen... Natur pur, an dat fir all Alter ! 
A wien weess, villäicht ass et jo den Ufank vun nach vill méi Tier a vill méi grouss Tier. 
Mir freeën ons drop, well Wanderen ass genial einfach - a genial gutt !

Als Info fir déi Ageschriwwen:

PAKLESCHT:

Wat Jiddereen am Rucksak (mat Reen Housse) muss hunn :

- Zelt - Zelt fir 2 Persounen ze deelen - Plan fir opzespanen

- Isomatt + Schlofsak (+ event. Inlay)

- Täschemesser

- Becher aus Metall

- Toilettepabeier

- Drécks Tut

- Handduch

- e bësse Borgeld

- event. Kompass

- Wander-Bengelen

- Gedrénks Fläsch (2-3L Waasser am Rucksak)

- Gamelle + Besteck

- Moustiquesspray

- Zännbiischt & Wäsch Geschir

- Carte d’identité

- Sonnebrëll - Кap - Sonnecrème

- Schaffhändschen

- dem Wieder ugepassten Kleeder + Wiessel-Kleeder (och fir owes)

- Trekkingschong (keng Laf Schong oder niddereg Schong)

- Täscheluucht fir op de Kapp + Ersatz-Batterien

- Proviant (Iessen an Drénken) fir den 1. Dag

De Guide huet derbäi:

- Éischt Hëllefkëscht - Feier-Anzünder/Starter - Handy

Et gëtt vun der FLMP geliwwert :

- D' Owesiessen - muss awer selwer zoubereet ginn

- De Kaffi den 2.Dag moies an de Picknick fir den 2. Dag ënnerwee

- Drénkwaasser fir den 2.Dag

- En Zelt fir deen, dee keent huet (géint frais de location)

- Isomatt fir deen, dee keng huet (géint frais de location)

- Kiche Geschir fir owes ze kachen (Dëppen, Teller, Besteck,..)

- Dréchent Holz fir ze grillen

- Waasser, Schossel an Dicher fir ze spullen