MULLERTHAL TRAIL-CUP 2019-2020

MULLERTHAL TRAIL-CUP 2019-2020

Mullerthal Trail-Cup 2019-2020

 

Elo ass et esou wäit. De Mullerthal Trail-Cup 2019-2020 kann ab dem 9. Februar 2019 gewandert ginn.

Wandert déi 3 Routen an déi 4 ExtraTouren am Laf vum Joer a notéiert déi entspriechend Coden an äre Pass.

Dëse Pass kënnt dir am FLMP-Sekretariat bestellen duerch iwwerweise vun 20.- € op de Kont vun der FLMP.
CCPLLULL   LU90 1111 0469 4089 0000

Nieft 7 Participatiounsstempelen an 188 Kilometer an äert Kilometerheft kritt dir als Belounung eng Medaile, en Aufnäher an en Diplom.

Weider Renseignementer op www.flmp.lu

Deemnächst kënnt dir de Pass och bei verschiddene Syndicat d’Intiative aus der Regioun kafen.