INFORMATIOUNEN BETREFF PW'EN

INFORMATIOUNEN BETREFF PW'EN

WICHTEG INFORMATIOUNEN PERMANENT WANDERWÉER

PW 001 ROMBACH:  ass bis op weideres zou wéinst Stuermschied.

PW 005 VIANDEN: ass zou bis déi deitsch Grenzen nees ganz opgin.

PW 024 SCHENGEN: ass zou bis déi franséisch Grenzen nees ganz opgin.

ALL ANER PERMANENT WANDERWÉER SIN OP, awer et kann een just Startkaart resp. de Stempel kréien fir folgend permanent Wanderwéer:

PW 016 JUNGLINSTER + PW 019 BOURGLINSTER an der Epicerie Duarte zu Jonglenster

PW 018 BETTENDORF am Blumme Buttek Flower Power zu Bettendorf

PW 021 AHN beim Dépositaire Ruppert zu Oberdonven

PW’en 014 a 015 DUDELANGE am Zeitungs Buttek, um Tattebierg zu Diddeleng.

Alleguerten Startkaarten (eenzel oder am Package) könnt dir am FLMP SEKRETARIAT bestellen an dir kritt se zougeschéckt.

Ausgeföllten  PW Startkaarten kann een och an d‘FLMP Sekretariat schécken an dir kritt Är Kilometer resp.Participatiouns Stempelen zougescheck.

DUERCH D‘AKTUELLE SITUATIOUN BLEIWT D’FLMP SEKRETARIAT AWER BIS OP WIEDERES NACH ËMMER ZOU.