Informatiounen betreff Klappjuegden 2020-2021

Informatiounen betreff Klappjuegden 2020-2021

Ab Muer, den 15. Oktober 2020 fänken Klappjuegden un.


D'Naturverwaltung huet säit enger Zäit um Geoportail  eng Kaart wou Datumer vun all den groussen Klappjuegden (also just déi mat méi wei 12 Jeeër!) drop stinn. Eng Juegd muss ca. 2 Wochen am Viraus ugemellt sinn, se sinn also nach net all um Geoportail (also* regelméisseg kucken goen*).

Hei ass Verlinkung:

https://map.geoportail.lu/theme/tourisme?lang=de&version=3&zoom=12&X=689970&Y=6404429&rotation=0&layers=444&opacities=1&bgLayer=topogr_global

 Fir d ‘Sécherheet vun iech alleguer, informéiert iech um Geoportail (virun allem wann dir an den Bësch wandere gidd), an spadséiert noutfalls an en aneren Besch. Kuckt ob iergendwou Schëlder stinn, maacht lues op den Stroossen falls eng Juegd amgaangen ass.

Haaptsaison geet bis den 15. Dezember 2020, dono manner just op d'Wëllschwäin (ouni Réi) bis den 31. Januar 2021.