HALL OF FAME - 100 Kilometer gewandert oder méi
Hall of Fame
100 km (oder méi) a 24 Stonne wanderen ... wien huet de Courage, fir dat ze probéieren? Wien huet et scho probéiert? Wien huet et scho gepackt?
Fir déi ambitionnéiert Wanderer ze belounen, déi sech scho mol un dëse Challenge gewot an och gepackt hunn, huet d'Lëtzebuerger Wandersportfederatioun e speziellen Écusson maache gelooss.
Wie kritt deen Écusson?
- Et muss een eng gëlteg FLMP-Lizenz hu bei engem Lëtzebuerger Veräin oder direkt bei der FLMP
- Jiddereen, deen der FLMP mat sengem IVV-Stempel weist, dass e mindestens eemol d'Distanz vun 100 km (oder méi) a 24 Stonne gemeeschtert huet
Dësen Écusson kascht näischt, awer kann och nëmmen eemol vergi ginn. Sollt e verluer goen, kann een en 2. Ecusson zum Präis vun 10 € bei der FLMP nobestellen.
Op der Internet-Säit vun der FLMP fënnt een all déi Wanderer, déi den Écusson scho verdéngt oder krut hunn (an déi och averstane waren, dass hiren Numm um Internetsite publizéiert gouf).
Zéckt also net, iech nach haut bei der FLMP ze mellen!
Den Écusson kritt der mat der Post geschéckt.