FLMP BRAINSTORMING 07.10.2022


08 October 2022

D'Lëtzebuerger Wandersportfederatioun hat seng Veräiner fir e "Brainstorming" an den Auditoire vun der Coque invitéiert. 

Bei konstruktiven an interessanten Diskussiounen ass proposéiert ginn dass d'IVV-Wanderungen erëm sollen méi populär gemaach gi. Dëst nom Motto : Wou IVV drop steet, soll och IVV dra sinn. Praktescht heescht dat dass d'Startzäiten de Besoin sollen ugepasst gi, Kontrollen erëm besat ginn a virun allem déi gewinnte Streckelängten vu 5km, 10km an 20km sollen an all Programm dra sinn. 

Doriwwer hinaus sollen Informatiounsbroschüren gewëssenhaft un "débutants"verdeelt ginn, an en PW-Starter-Cup agefouert ginn. 2023 soll et en "Wandersummer-Mount" ginn, mat all Dag eng aner  IVV-Wanderung, engem Concours "Lëtzebuerg wandert ronderëm d'Welt" a villes méi. En neien Slogan soll gesicht ginn fir d'Wanderen besser duerzestellen. Vir 2022 ass nach eng, an Zesummenaarbecht mat der "Stemm vun Strooss" Wander-Spende-Aktioun" geplangt. 

Mir soen all Veräin fir séin Interesse an aktiv Mataarbecht e grousse MERCI