Fir hire 50te Gebuertsdag huet d'FLMP der Natur haut en Kaddo gemaach
19 November 2021
Fir hire 50te Gebuertsdag huet d'FLMP der Natur haut en Kaddo gemaach :
Zesummen mat Natur & Ëmwelt hu mer haut 50 Beem geplanzt, Beem déi mer brauchen fir eng gutt Loftqualitéit, Beem déi Reewaasser absorbéieren, Beem déi Liewensraum fir Deiere sinn, Beem déi hëllefen de Klimawandel bremsen, Beem déi eis all berouegen an eise Stress reduzéieren.
D'Aktioun vun haut ass den Optakt vun eiser permanenter Aktioun WALK4TREES, wou mer fir all IVV-Wanderung zu Lëtzebuerg der Natur wëllen e Bam spenden.
Mir machen dat, maach och du mat, sief derbäi an der Natur an fir d'Natur !