E Rendezvous mat der Natur

E Rendezvous mat der Natur

An enger Zäit, déi vill vun eis alleguer gefuerdert huet, hu ganz vill Leit et fir sech entdeckt: an d’Natur erausgoen, trëppelen, goen, eleng oder an der Famill, d’Wanderen. Et huet ee gemierkt, wéi gutt d’Beweegung an der Loft deet, et hat een Zäit fir sech a seng Famill.  Et huet ee gemierkt, wéi gutt et deet, vun engem Spadséiergang, engem Trëppeltour, enger Wanderung midd ze sinn. Et war een derbäi, wéi d’Natur erwächt ass, aus deem de Wanter an d’Fréijoer gewuess ass. Et huet ee gemierkt, dass d’Goe guer net esou ustrengend ass, et huet ee gesinn, wéi wäit ee goe kann, jo et huet een eventuell souguer gemierkt, dass d’Goen hëlleft, d’Gewiicht ze halen, an enger Zäit, wou ee soss net vill Beweegung konnt hunn. 

Elo geet d’Zäit vum «Bleif Doheem» esou lues op en Enn. Elo gëllt et ze weisen, wat een aus dëser Zäit geléiert huet, sech ze erënneren,  wat sengem Kierper a senger Séil gutt gedoen huet. 

Mir hunn hei de richtegen Tipp: Géi wanderen, an du hues reegelméisseg Rendezvous mat der Natur. Géi wanderen, an du bass mat Gläichgesënnten ënnerwee, géi mat eis, mat der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun. Mir bidden der déi schéinste Wanderstrecken, déi am beschte markéiert Wanderweeër. Du kanns eleng, an der Famill oder mat Frënn goen. Bei eis fënns du Gesellegkeet, Liewensfreed, «Vakanz doheem» wéi se besser net kéint sinn, an dat all Dag !! 

Bis mer erëm all zesummen däerfe wandere goen, bidde mer eis «Permanent Wanderweeër» un. Hei ass déi gutt Nouvelle, dass an den nächste Wochen e puer honnert Kilometer Wanderweeër derbäi kommen, déi gutt gezeechent sinn, an et erlaben, eis «Stempelen» ze sammelen an d’Freed vun enger Auszeechnung kennen ze léieren. 

Genéiss d’Wanderfreed weider, stäerk deng Gesondheet, sief uechtsam vis-à-vis vun dir selwer, léier d’Natur kennen, léier deng Kanner d’Natur kennen, léier och mol deng perséinlech Grenze kenne beim Wanderen, stäerk däi Selbstbewosstsinn, gëff der bewosst, dass näischt d'Mënsche méi verbënnt wéi d’Natur. 

Mir freeën eis op iech

 

D’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun