Deu-Fra-Bel-Lux-Marathon+-Cup 2018

Deu-Fra-Bel-Lux-Marathon+-Cup 2018

Deu-Fra-Bel-Lux-Marathon+-Cup 2018

 

Bei Geleeënheet vum Nationale Wanderdag zu Iechternach konnten 3 äifreg Wanderer geéiert ginn, déi d’lescht Joer beim Deu-Fra-Bel-Lux-Marathon+-Cup 2018 déi allen dräi Stufen, Bronze, Sëlwer a Gold gewandert hunn (insgesamt 18 Marathonwanderungen an de 4 Länner) an domadder mam Masterdiplom ausgezeechent goufen.

A Präsenz vum lëtzebuergeschen a belsche Federatiounspresident a vum IVV-Europa-Vizepresident konnten de Paul Sandt (Lëtzebuerg), den Anton Stirner (Däitschland) an de  Cédric Buhr (Frankräich) hiren Diplom entgéint huelen.

Hinnen eis häerzlech Felicitatiounen.