AUTOPÉDESTRE LIGHT


13 November 2020

A well all Dag en neien Ufank ass, fänke mir lo mat engem Autopédestre Light un ..

mir bidden dir en Zil, sich du dir déi richteg Weeër ! 

 

Du wëlls léiwer verschidden Auto-Pédestre-Strecke méi oft goen ?

Du bass net um FLMP-Auto-Pédestre-Cup intresséiert ?

Du wëlls trotzdeem IVV-Wertungsstempele sammelen ?

Da profitéiert vun elo un vum Autopédestre Light

Schreif dech an um Internetsite vun der FLMP www.flmp.lu an iwwerweis 15.- € op de CCP vun der FLMP – CCPL LU90 1111 0469 4089 0000 mam Vermierk AP Light, Numm a Virnumm.

Trëppel 10 Auto-Pédestre no denger Wiel. Hei kann s du och ëfters de selwechten Auto-Pédestre trëppelen. Enregistréier deng Strecke mat enger Wander-App.

Schéck deng Enregistrementer iwwert Email un d’FLMP-Sekretariat flmp@pt.lu

Dofir kriss du dann deng Participatiouns- a Kilometerstempele mat der Post zougeschéckt.


 

 

reklamm auto-pedestre light[17322].pdf

reklamm auto-pedestre light f.pdf

reklamm auto-pedestre light d.pdf