3 nei PW'en (Permanent Wanderweeër) ab dem 1. Juli


29 June 2022

NEIES OP EISE PERMANENTE WANDERWEEËR

Ab dem 1. Juli – 3 nei Permanent Wanderweeër

Mat dem PW 006 / PW 029 a PW 030 ginn ab dem 1. Juli 3 nei Wanderweeër hei zu Lëtzebuerg op. Et sinn dëst:

de PW 006 zu Klierf mat enger neier Streck vun 13 km

de PW 029 zu Izeg iwwert 10 km

de PW 030 zu Beefort iwwert 6 km

All Detailer fannt dir op eisem Site : www.flmp.lu

 

Changementer um PW 008 Réimech a PW 009 Rëmerschen

De Veräin Kiischtentrëppler Trënteng, den dës zwee PWen geréiert, huet matgedeelt, datt si hir Aktivitéiten um Enn vum Joer astellen.

 

Dofir sicht d’FLMP elo een oder zwee Veräiner, déi d‘Gestioun vun dësen zwee Permanente Wanderweeër bereet ass ze iwwerhuelen.

Intresséiert Veräiner sollen sech direkt mam Responsabele fir d’FLMP-PWen Paul Sandt a Verbindung setzen, dëst bis spéitstens den 20.07.2022 fir eis et ze erlaben, déi Neierung an eisem Kalenner 2023 ze berécksiichtegen. Email: paul.sandt@flmp.lu oder flmp@pt.lu

Validatioune fir Permanent Wanderweeër

Nodeems praktesch all Stempelplaze vun de Permanente Wanderweeër erëm normal funktionéieren, ginn am FLMP-Sekretariat keng eenzel PW-Karate méi validéiert.

All Wanderer ass gebieden, säin IVV-Stempel op der Stempelplaz vum jeeweilEge PW direkt anzeléisen.

Wanderer, déi wëllen eng Online-Kaart benotzen, kënnen dëst selbstverständlech och maachen. Hei gëllt nach just eng Online-Kaart mat 10 Permanent Wanderweeër, déi op eisem Internetsite www.flmp.lu kann erofgeluede ginn.

De Präis ass 20.- € fir 10 PW-Stempelen inklusiv Porto a Sekretariatskäschten.

Merci fir Äert Versteesdemech.

PW-Digital

Ab dem  1.Juli kann een och all eis PWen digital wanderen.

D’Konditioune sinn d’selwecht ewéi bei der Online-Startkaart. Et zielt eng Iwwerweisung vun 20.- € fir 10 PWen (Porto a Sekretariatskäschten abegraff) op de Kont vun der FLMP, d’Opzeechnunge ginn iwwert Email un d’FLMP-Sekretariat gemailt. D’Stempele gi per Post un de Participant geschéckt.

 

Weider Informatiounen:

FLMP, B.P. 56, L- 9201 Diekirch                      GSM: 691 30 26 87                  E-Mail: flmp@pt.lu

CCPL  LU90 1111 0469 4089 0000


PW006 Clervaux