CONSDORF FLMP DIGITAL IVV WANDERUNG
Date: 30/08/2020 09:00 - 30/08/2020 11:00
Where: Consdorf Moulin de Consdorf
Konsdreffermillen
6211
Konsdref
Luxembourg
Information: Organisateur: The World Runners Consdorf Asbl

Wandert bei eis am schéinen Mëllerdall
- op engem vun den villen lokalen ausgeschëlderten Wanderdeeër C1 - C7
- um Sentier Auto-Pédestre (+/- 9 km)
- um nationale Wanderwee "Sentier Fred Welter" (+/- 23 km)
- um Mëllerdall-Trail
- op der IVV ausgeschëlderter 5 km Streck op der Konsdrëffer Millen
- um Naturléierpad "Joffer Margot" (Ideal fir Famillen mat Kanner)
- op egal wéi enger Wanderstreck

Zeechent är Wanderung mat enger App op, eleng, zu e puer oder am Veräin

Ouni App ass just eng Kontroll op der 5 km Streck. Kee Gedrénks ënnerwee.

Kommt ären IVV-Stempel op d'Konsdrëffer Millen (Zeltpavillon) bei d'World Runners Consdorf sichen.

Mir si fir Iech do vun 09h00 - 18h00. Startkaarten Verkaf op der Plaz.

Et gëtt keen Catering op der Plaz, d'Restaurateuren an d'Caféen aus der Gemeng an der Ëmgéigend freeën sech op iere Besuch.

Präis: 1,50 €
Bezuelt mat Digicash op den 621 273 788 oder mat ofgezielte Mënz.

Informatioun: infoworldrunners@mail.com
www.worldrunners.lu

Hei nach zousäzlech informatiounen fir d'Wanderer

C1 : Départ/Arrivée TOURIST INFO Consdorf (Camping Pinède) 1,9 KM
C2 : Départ/Arrivée Consdorf rue Dielchen (op der Gare) 4,2 KM
C3 : Départ/Arrivée Consdorf rue Dielchen (op der Gare) 6,5 KM
C4 : Départ/Arrivée Consdorf rue Dielchen (op der Gare) 6,7 KM
C5 : Départ/Arrivée Parking Moulin de Consdorf 5,26 KM
C6 : Départ/Arrivée TOURIST INFO Consdorf (Camping Pinède) 5,8 KM
C7 : Départ/Arrivée Scheidgen (Eglise) 6,8 KM
Circuit balisé IVV : Départ/Arrivée Parking Moulin de Consdorf 5 KM
Circuit « Auto-Pédestre » : Départ/Arrivée Parking Moulin de Consdorf 9,1 KM
Circuit « Sentier Fred Welter » : Départ/Arrivée Scheidgen (Eglise) 23 KM
Parcours pédagogique de la Nature Joffer Margot : Départ/Arrivée Parking Moulin de Consdorf