CONSDORF FLMP DIGITAL IVV WANDERUNG

CONSDORF FLMP DIGITAL IVV WANDERUNG

Datum

30/08/2020

Zäit

09h00 - 11h00

Spillort

Consdorf

Moulin de Consdorf, Konsdreffermillen, Konsdref

Eng Kaart vu Google Maps gouf blockéiert well Dir net erlaabt hutt, datt se geluede gëtt

Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.

Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen

Informatiounen

Organisateur: The World Runners Consdorf Asbl Wandert bei eis am schéinen Mëllerdall - op engem vun den villen lokalen ausgeschëlderten Wanderdeeër C1 - C7 - um Sentier Auto-Pédestre (+/- 9 km) - um nationale Wanderwee "Sentier Fred Welter" (+/- 23 km) - um Mëllerdall-Trail - op der IVV ausgeschëlderter 5 km Streck op der Konsdrëffer Millen - um Naturléierpad "Joffer Margot" (Ideal fir Famillen mat Kanner) - op egal wéi enger Wanderstreck Zeechent är Wanderung mat enger App op, eleng, zu e puer oder am Veräin Ouni App ass just eng Kontroll op der 5 km Streck. Kee Gedrénks ënnerwee. Kommt ären IVV-Stempel op d'Konsdrëffer Millen (Zeltpavillon) bei d'World Runners Consdorf sichen. Mir si fir Iech do vun 09h00 - 18h00. Startkaarten Verkaf op der Plaz. Et gëtt keen Catering op der Plaz, d'Restaurateuren an d'Caféen aus der Gemeng an der Ëmgéigend freeën sech op iere Besuch. Präis: 1,50 € Bezuelt mat Digicash op den 621 273 788 oder mat ofgezielte Mënz. Informatioun: infoworldrunners@mail.com www.worldrunners.lu Hei nach zousäzlech informatiounen fir d'Wanderer C1 : Départ/Arrivée TOURIST INFO Consdorf (Camping Pinède) 1,9 KM C2 : Départ/Arrivée Consdorf rue Dielchen (op der Gare) 4,2 KM C3 : Départ/Arrivée Consdorf rue Dielchen (op der Gare) 6,5 KM C4 : Départ/Arrivée Consdorf rue Dielchen (op der Gare) 6,7 KM C5 : Départ/Arrivée Parking Moulin de Consdorf 5,26 KM C6 : Départ/Arrivée TOURIST INFO Consdorf (Camping Pinède) 5,8 KM C7 : Départ/Arrivée Scheidgen (Eglise) 6,8 KM Circuit balisé IVV : Départ/Arrivée Parking Moulin de Consdorf 5 KM Circuit « Auto-Pédestre » : Départ/Arrivée Parking Moulin de Consdorf 9,1 KM Circuit « Sentier Fred Welter » : Départ/Arrivée Scheidgen (Eglise) 23 KM Parcours pédagogique de la Nature Joffer Margot : Départ/Arrivée Parking Moulin de Consdorf