2. Woch vun eisem Wander-Summer


31 July 2023

Déi éischt Hallschent vum WANDER-SUMMER 2023 ass gepackt a mir sinn immens gutt op eisem Wee ronderëm d'Welt !

Mat 2.467 Wanderer hu mer schonn 26.824 Kilometer zesummen erwandert, dat sin bei 50 % vum Wander-Summer awer schonn 67 % vun eisem Objektiv !

 Den Ufank hu mer zesumme gerockt a bei allem wat elo nach ugebuede gëtt vun eise Veräiner gëtt et esou faarweg wei en Reebou op engem Einhorn ! Dat kann een sech net entgoe loossen : Eis Wanderweeër sinn d’ Ziel an d’ Schéinheet déi een an der Natur entdeckt bleift engem ëmmer erhalen. Dofir net  vergiessen : Keen Dag ouni Wanderen !