WANDERER KREATIV MAART zu Diddeleng den 03.Dezember 2022


25 October 2022

 

Léif Wanderfrënn,

 Den 3. Dezember vun 11 Auer un invitéiert d’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun zesumme mat de Gehansbiergknappen Diddeleng op den  éischten

„Wanderer-Kreativ-Maart“

verbonne mat enger IVV-Wanderung.

 Wanderen ass eise Lieblingssport, mee vill vun eise Wanderer hunn awer och nach en aneren Hobby. Dëse wëllen si eis zu Diddeleng weisen, dat op iwwert 20 verschiddene Stänn. Vu Biller iwwert Handaarbechten, Holzskulpturen, Keramik, Hondsspillsaachen, Drechselkonscht an nach villes méi, kënnt dir alles bewonneren an och kafen.

 

Och gesongen a gedanzt gëtt och an de Kleeschen huet sech och mat sengem Gesell ugemellt.

 Wann dir dann nach net ze midd sidd, kënnt dir och nach eng 5-km-IVV-Wanderung maachen oder vun engem vun de Permanente Wanderweeër oder Auto-Pédestre profitéieren.

 Kommt Iech dëse flotte Maart ukucken a maacht Iech e schéinen Dag zu Diddeleng.

D’Gehansbiergknappen suerge fir Iessen an Drénken de ganzen Dag.

 

 

 

 

 

 

 

 

flyer kreativ maart 31102022.pdf