WANTER-SPENDE AKTIOUN FLYER


14 October 2022

Zesumme mat der Stëmm vun der Strooss huet d’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun eng Aktioun gestart fir de benodeelegte Mënschen hei zu Lëtzebuerg duerch de Wanter ze hëllefen.

 Gesicht gi virun allem:

- Schong - Schlofsäck - Decken - Sporttäsche – Rucksäck - Kleeder an Hygieneartikel wei Duschgel, Zahnpasta, Seef, Shampoing, asw

 Bis Enn vum Joer sammelen d’Veräiner, déi an dëser Zäit eng IVV-Wanderung organiséieren, dës Saachen op hirer Marsch.

Méindes ginn d’Saache vun engem Chauffeur vun der “Stëmm vun der Strooss” ewech geholl. Wann et sech net rentéiert, well net vill ofgeliwwert ginn ass, kann de Veräin d’Saachen och selwer op eng vun de Sammelplaze féieren, esou wéi se um Flyer stinn.

 Natierlech kënnen och Veräiner, déi an dëser Zäit keng Wanderung organiséieren, dës Aktioun intern am Veräin resp. am Duerf duerchféieren.

 Et ass kloer dass gespente Saache sollen "gebrauchsfäerdeg" sinn, an iergendwéi agepaakt sinn (net ze vill, et gëtt keen Transport an d'Ausland !)

 Fir all weider Froe kënnt dir iech un den FLMP-President Romain Buschmann wenden iwwert Email: romain.buschmann@flmp.lu oder iwwert GSM 621 15 70 08

Mir halen iech um Lafende vun der Kollekt a soen iech elo schonns e grousse MERCI am Viraus !

 De Verwaltungsrot vun der

Lëtzebuerger Wandersportfederatioun