Kalenner Yuppi-Walk 2018

Yuppi Walk 2018

Fir all Kanner 3 bis 12 Joer !!

  • 28.04.2018 Lieler duerch de Cactus-Bësch
  • 13.05.2018 Junglënster
  • 05.08.2018 Ettelbréck duerch de Cactus-Bongert
  • 15.08.2018 Konsdref
  • 01.09.2018 Kierchbierg-Coque um Nationale Wanderdag
  • 23.09.2018 Veianen
 
De Yuppi-Walk ass fir dech wanns du tëscht 3 an 12 Joer al bass (Joergang 2006-2015) a Spaass um Trëppelen hues. D‘Matmaachen ass gratis an Du däerfs ouni Lizenz un all Yuppi-Walk deelhuelen. Déi richteg Kleeder sinn och beim Wanderer ganz wichteg: gutt Schong a Kleeder déi de Wiederkonditiounen ugepasst sinn.


Du kriss bei dengem éischte Yuppi Walk ee Pass an eng Schnupperkaart vun der FLMP wanns Du Dech umelle gees. Op dësem Pass kriss Du bei all Yuppi-Walk wous Du matméchs ee Stempel.

Wanns du bei mindestens 4 Yuppi-Walken derbäi waars, kriss du de 23. September 2018 zu Veianen beim leschte Yuppi-Walk e schéine Kaddo, deen de Yuppi selwer iwwerreecht. Eng Extra-Iwwerraschung vum Yuppi gëtt et, wanns du un alle 6 Yuppi-Walken deelgeholl hues.

Wanns du manner wéi 3 Joer hues, däerfs du awer och mat maachen beim „Butze-Walk“ a kriss ënnert de selwechte Konditiounen e flotte Kaddo vun der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun.

Selbstverständlech däerfs du och bei allen anere Wanderunge vun der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun matmaachen, wous du och IVV-Stempelen op deng Schnupperkaart kriss.

Renseignementer: www.flmp.lu · info@flmp.lu · Tel. 691 30 26 87