2
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FLMP...
Yuppi Walk

Kalenner 2017

Kal Yup Walk

Yuppi Walk 2017

Fir all Kanner 3 bis 12 Joer !!


  • 29.04. Lieler duerch de Cactus-Bësch
  • 21.05. Bartreng
  • 28.05. Izeg
  • 06.08. Ettelbréck duerch de Cactus-Bongert
  • 15.08. Biekerech um Nationale Wanderdag
  • 15.10. Diddeleng

De Yuppi-Walk ass fir dech wanns du tëscht 3 an 12 Joer al bass (Joergang 2005-2014) a Spaass um Trëppelen hues. D‘Matmaachen ass gratis an Du däerfs ouni Lizenz un all Yuppi-Walk deelhuelen. Déi richteg Kleeder sinn och beim Wanderer ganz wichteg: gutt Schong a Kleeder déi de Wiederkonditiounen ugepasst sinn.

Du kriss bei dengem éischte Yuppi Walk ee Pass an eng Schnupperkaart vun der FLMP wanns Du Dech umelle gees. Op dësem Pass kriss Du bei all Yuppi-Walk wous Du matméchs ee Stempel.

Wanns du bei mindestens 4 Yuppi-Walken derbäi waars, kriss du de 15. Oktober 2017 zu Diddeleng beim leschte Yuppi-Walk e schéine Kaddo, deen de Yuppi selwer iwwerreecht. Eng Extra-Iwwerraschung vum Yuppi gëtt et, wann s du un alle 6 Yuppi-Walken deelgeholl hues.

Wanns du manner wéi 3 Joer hues, däerfs du awer och mat maachen beim „Butze-Walk“ a kriss ënnert de selwechte Konditiounen e flotte Kaddo vun der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun.

Selbstverständlech däerfs du och bei allen anere Wanderunge vun der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun matmaachen, wous du och IVV-Stempelen op deng Schnupperkaart kriss.

Renseignementer: www.flmp.lu · info@flmp.lu · Tel. 691 30 26 87


Informations et règlement

info yup
Yuppi-Walk 2017 - Flyer